mardi 9 octobre 2012

Niewenakommes vu lëtzebuerger Deputéierten: souguer den Steinbrück ass méi transparent!

An Däitschland leeft d'Diskussioun iwwert d'Verëffentlechung vun den Niewenakommes vun Parlamentarier. Dobäi ass di aktuell Prozedur wéi se am däitsche Bundestag virgeschriwwe gëtt schonn e grousse Schrëtt de lëtzebuergesche Methode viraus. D'lëtzebuerger Parlamentarier sinn am Verglach zu kenger detailléierter Verëffentlechung vun hirem Niewenakommes verflicht - aktuell verëffentlecht just een vu 60 Deputéierten säin Niewenakommes detailléiert an op fräiwëlleger Basis!

Wéi onst Partnerportal Abgeordnetenwatch.de opgedeckt huet, huet sech den Peer Steinbrück, designéierten SPD-Kanzlerkandidat an Däitschland, während Jore Virträg mat Honorairen iwwer 7.000€ bezuele gelooss. Et gëtt him reprochéiert seng Aarbecht als Parlamentarier vernoléissegt ze hunn an bezuelte Virträg bei Interessevertrieder aus sengem Politikfeld ugeholl ze hunn. Zu Lëtzebuerg hätt dës Geschicht nie kéinte public ginn.

Laut dem réglement interne vun der Chamber (Artikel 168) muss all Deputéiert op eege Verantwortung all bezuelten Aktivitéit a finanziell, materiell a personell Ënnerstëtzung beim Büro vun der Chamber deklaréieren.  Eng konkret Zäitspan an där Aktualiséierunge musse gemellt ginn ass net virgesinn, allerdéngs schéckt d'Chambersverwaltung all Joer en Formulaire un d'Deputéiert fir se un d'Ausfëllen ze arënneren. Eventuell Sanktioune bei Verstéiss géint dës Prozedur gesäit den Text allerdéngs net fir, d'Verëffentlechung ass d'Responsabilitéit vun de Deputéiert. D'Verëffentlechung vun Niewenakommes ënnerläit also nëmmen der gudder Intentioun vun den Deputéiert!

Publizéiert ginn d'Niewenakommes vun den Deputéierten aktuell um Site vun der Chamber op den Profilsäite vun den Deputéierten ënnert "Derniers documents", "Formulaire A" (detailléiert Formulaire) oder "Formulaire B" ('aucun changement'). Am Verglach mat den aktuell kritiséierte Methode vum däitsche Bundestag ass d'Chamber méi ontransparent: sou ginn op dem Site vum Bundestag Niewenakommes direkt op dem Profil vum Deputéierten eenzel opgelëscht (hei d'Beispill vum Peer Steinbrück).


Zur Erklärung: et ginn 3 Stufen vun Niewenakommes, dobäi ass Stuf 3 di hechsten mat "alles iwwer 7000€".

Ma net nëmmen d'Platz vum Dokument ass verstoppt: och Informatiounen zum Niewenakommes selwer sinn oniwwersiichtlech, onvollstänneg oder feele komplett.

D'Dokumenter déi Niewenakommes oplëschte gi per Hand ausgefëllt - bei enger Rei vun Deputéiert fält et schwéier d'Informatiounen iwwerhaapt ze entzifferen; sou z.B. bei Paul-Henri Meyers (CSV) oder Ali Kaes (CSV).


Sinn d'Informatioune lieserlech sinn se nach ze oft onvollstänneg: verschidden Deputéiert ginn nëmmen hier Professioun un ouni en Employeur ze nennen (z.B. Carlo Wagner (DP)), benotzen ze generell Termen (z.B. Marcel Oberweis (CSV) oder Marc Spautz (CSV)), ginn d'Rechnungsmodalitéiten un mä net di exakt Montants (z.B. Francois Bausch (Déi Gréng) oder ginn keng d'Zäitspann vun der Tätechkeet un (z.B. Jacques-Yves Henckes (ADR))

Donnéën sinn och net eenheetlech: sou ginn verschidden Deputéiert ënnert "Professioun" hiert Mandat un (z.B. Ben Scheuer (LSAP)), di meescht awer net.

Nëmmen een vu 60 Deputéiert gëtt iwwerhaapt exakt Zuele mat un: den Lucien Lux (LSAP) - dëst weist, dass och schonn mat den aktuelle Reegele méi Oppenheet méiglech ass, wann d'Deputéiert sech der Transparenz verschreiwen.

Bei verschidden Deputéiert sinn d'Informatioune veraalt, sou z.B. beim Xavier Bettel (DP).

Verschidden Informatiounen feelen komplett, z.B. beim Paul Helminger (DP) (zu senger Zäit als Deputéiert), wou suwuel d'Fonktiounen als Präsident vun HotCity S.A. wéi och déi als Präsident vun SIDOR feelen (Fonktiounen, déi en zu däer Zäit inne haat). D'Formulairen vum Gilles Roth (CSV) an Georges Engel (LSAP) feelen komplett.

D'Beispill vum Michel Wolter (CSV) wéist, dass Deputéiert kënnen eng Rei Niewentätechkeeten usammlen - hei ass et wichteg als Bierger net nëmmen den Employeur ze kënnen, ma och d'Remunératioun. Nëmmen duerg eng komplett Verëffentlechung léist sech aschätzen inwiefern en Konflikt zeschen Mandat an Niewentätechkeet kann bestoen.


Eng Beaflossung oder souguer den Extremfall vu Korruptioun gëtt kengem Deputéierten ënnerstallt. Eng méi streng Regel wat d'Verëffentlechung vun Niewenakommes ugeet ass net als Ugrëff un d'Integritéit vun den Deputéiert ze verstoen, mä als Service fir d'Bierger, déi mussen d'Méiglechkeet hunn fir anzeschätze wéi eng Responsabilitéiten d'Deputéierten niewent hirem Mandat hunn.

De Verglach mat dem däitsche Bundestag wéist, dass d'lëtzebuerger Parlament schonn op aktuell kritiséiert Verfahren e Réckstand huet. Englesch Deputéiert verëffentlechen hiert Niewenakommes souguer op den läschten Pond a Penny genau, mat Datum, inklusive Sachgeschenker oder Invitatiounen. Och d'Europäescht Parlament ass e Schrëtt weider: hei mussen d'Niewenakommes an engem 3-Stufe Format verëffentlecht ginn (z.B. Charles Goerens (DP)).

Dobäi ass et fir Biergerinne wichteg ze wësse wann Ofhängegkeeten oder eng Beaflossung op d'Deputéiert iwwert den Wee vun Niewenakommes méiglech sinn. Politikercheck.lu schwätzt sech als Plattform di mat Transparenz Vertraue schafe wëll dofir aus, dass Niewenakommes oppen, detailléiert an, an engem eenheetlechen a lieserlechen Format verëffentlecht ginn.

Dëse Blogpost gouf verfaast vum Jerry Weyer während enger Weiderbildung bei Abgeordnetenwatch.de. Bei Froen steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de soziale Netzwierker:


abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck as eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire