mardi 15 janvier 2013

Enquête Kommissioun zum Geheimdéngscht - online Medien & Twitter mussen Chamber Stream ënnerstëtzen

Haut war d'Unhéierung vum fréiere Geheimdéngschtchef Marco Mille an der Enquêtekommissioun. Wëll den Zéien engem live-Stream net zougestëmm huet an d'Chamber nëmmen den Audio iwwerdroen konnt, huet sech virun allem op dem sozialen Netzwierk Twitter alles ëm d'Unhéierung gedréint.

Den Interessi zur Gehéimgdéngschtaffär ass grouss. Virun an während all ëffentlecher Sëtzung gëtt vill op Twitter kommentéiert (den 8., 11. an 15 Januar jeeweils waren effentlëch Sëtzungen vun der Kommissioun):


Twitter Aktivitéit vum Tag #SREL, roud markéiert d'Wuert 'Geheimdienst' (TwitterStreamGraphs)

Iwwert den Tag #MilleSP, deen d'Sëtzung vum 15. Januar suivréiert huet, goufen iwwer 63 Tweets d'Stonn verschéckt:


Statistiken zum Tag #MilleSP (14. Januar bis 15 Januar 17.00) (FollowTheHashtag)

Dobäi sinn d'Twitterer oft méi schnell wéi de Chamber-Stream:



De Service vun der Chamber krut dann och schnell Problemer mam groussen Interessi vun de Bierger(innen):





D'online Medie mat live-Ticker genau wéi di privat Twitterer probéieren den limitéierte Service vun der Chamber ze kompenséieren. Allerdéngs muss d'Chamber, deeër Uleies et muss sinn Transparenz an Biergerbedeelegung ze erméiglechen, en bessere Service ubidden, deen et méi Leit erméiglecht den Stream ze verfollege. Net jiddereen huet d'Zäit perséinlech op de Krautmaart sëtzen ze goe fir d'Enquêtekommissioun ze verfollegen!

Wann Dir bei den nächste Sëtzunge wëllt op Twitter derbäi sinn, dann 'followed' dësen meescht benotztenTags nieft #SREL:


Meeschtbenotzen Tags zur #SREL Affär (TweetArchivist)

De Kalenner vun der Enquêtekommissioun zum Geheimdéngscht ass op Chd.lu publizéiert.

P.S. Och d'Chamber ass elo offiziell op Twitter an Facebook. Followen kënnt der hier op @ChambreLux oder liken op der Facebook page.

Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire