jeudi 31 janvier 2013

Haut an der Chamber: Referendum zum Tram & Debat zur Nationalitéit

Den 31. Januar 2013 stinn direkt e puer vill diskutéier Themen um Agenda vun der Chamber. Nieft der Proposition de Loi zu engem Referendum zum Tram an der Staat-Lëtzebuerg, wäerten d'Deputéierten och iwwer d'Reform vum Nationalitéitegesetz diskutéieren.

Referendum zum Tram? (ca. 17.00*)


Source images : gouvernement.lu
Den Jacques-Yves Henckes (Indépendant) wëll, dass en nationale Referendum iwwert den Bau vum Tram an der Stad-Lëtzebuerg organiséiert gëtt an huet eng entspriechend Gesetzespropositioun deposéiert, déi am Nomëtten an der Chamber diskutéiert wäert ginn. D'Regierung, den Conseil d'Etat an déi zoustänneg Kommissioun weisen sech negativ zur Proposition de loi. Den Debat an de Vote zum Referendum iwwer den Tram kënnt der Haut am live Stream verfollegen (weider ënnen), d'Proposition ass um Chamber Site ze fannen.

Reform vum Nationalitéitegesetz - soll et méi einfach sinn Lëtzebuerger ze ginn? (ca. 15.00*)


Source  Ministère de la Justice
D'Diskussioun leeft scho méi laang, lo debattéiert och d'Chamber iwwer d'Vereinfachung vum Nationalitéitengesetz. Soll et méi einfach sinn fir d'lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien oder ginn déi aktuell Reegelen duer? Am Debat kënnen d'Parteien hier Positiounen zum Thema erklären. Weider Informatiounen zum Dossier Nationalitéit sinn um Site vum Ministère ze fannen.

Verschäerfe vum Gesetz bei sexuellem Mëssbrauch (ca. 14.00*)


Éischt Thema an der Sëtzung am Nomëtten: eng Verschäerfung vum Gesetz bei sexuellem Mëssbrauch an pédo-criminellen Aktivitéiten. Op Drock vun enger Directive vum EU Parlament stëmmen och zu Lëtzebuerg d'Deputéiert enfin iwwert eng Verschärfung vun den Strofen, souwuel bei éischte Vergehen, wéi och bei Récidive, of. Den Projet am Detail um Site vun der Chamber.

Den kompletten Agenda vun der Séance vum 31. Januar 2013.

* Auerzäite sinn Estimatioune baséierend um Agenda vum Dag. Fir den jeeweilege Punkt net ze verpasse recommandéieren mir den Stream regelméisseg ze kucken.




Stream vun Chd.lu.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire