mardi 5 mars 2013

Niewenakommes oppe leeën - elo! Affekot, Banquier, Entrepreneur - Deputéierten als Niewenjob?



Finanziell Dependancen tëscht PolitikerInnen an der Wirtschaft musse fir WielerInnen ze erkenne sinn. Nëmmen esou léist sech aschätzen, a wiem sengem Interessi Deputéierte schaffen. Den aktuelle lëtzebuerger System, baséierend op chaoteschen Deklaratiounem gëtt BiergerInnen allerdéngs net d'Méiglechkeet méiglech Interessekonflikter vu PolitikerInnen ze erkennen an anzeschätzen! Am zweeten Artikel an onser Serie "Niewenakommes oppe leeën - elo!" weise mir e puer Beispiller, wéi privat Interessen an d'Mandat als Deputéierten kënnen a Konflikt geroden.

Avocat-Député


13% vun den Deputéierten an der Chamber sinn Affekoten. Keen/g Deputéierten declaréiert allerdéngs ëffentlech méiglech Interessekonflikter, déi aus dëser Tätegkeet kënnen entstoen. Dobäi kommen esou Konflikter duerchaus fir:

Den Jacques-Yves Henckes (Indépendant) schafft nieft sengem Mandat als Deputéierten als Affekot fir de Groupe HNA. Dëse Groupe ass un enger Partizipatioun mat der lëtzebuerger Fluchgesellschaft Cargolux intresséiert - enger Firma, un där de lëtzebuerger Staat bedeelegt ass. Op Nofro vu Politikercheck confirméiert den Jacques-Yves Henckes den Interessekonflikt an informéiert ons, dass dësen der Chamber deklaréiert gouf. Um Profil vum Deputéierte ass dës Deklaratioun net ze fannen - Deklaratioun ass am PDF Protokoll vum Débat d'Orientation iwwer d'Zukunft vun der lëtzebuerger Aviatioun verstoppt.

Den Interessekonflikt ass fir BiergerInnen, déi sech op déi offiziell Deklaratioun verloossen, net ze erkennen!

Entrepreneur-Député


30% vun den Deputéierten deklaréiere momentan eng bezuelten Niewentätegkeeten oder Memberschaft an engem Firmen-Virstand. Weder Detailer (wéi Remunératioun, Geschenker oder bezuelte Reesen), nach Aktien-Partizipatioune gi Public gemaach - dobäi kënnen dës Niewentätegkeete gréisser Ausmoossen unhuelen:

Den Deputéierten an fréiere Minister Michel Wolter (CSV) gëtt un, ouni weider Detailer ze nennen, am Virstand vun 6 Firmen aus dem Finanz- an Transportsekteur ze sëtzen an 2 weider Firmen ze geréieren (all bezuelten Tätegkeeten). Eng Héicht vun dem Akommes, esou wéi eng Dauer vun den Posten oder e Secteur vun den Entreprisë verheemlecht den Deputéierten. Genau esou feelt eng Deklaratioun vun eventuellen Interessekonflikter op sengem Profil oder während Seancen, z.B. bei Diskussiounen iwwer d'Finanzplaz Lëtzebuerg.

Et bleift also onméiglech fir BiergerInnen anzeschätzen ob dem Michel Wolter seng Zouwennung éischter senge bezuelten Tätegkeeten oder sengem (Niewen?)mandat als Deputéierte gëllt.

Banquier-Député


10 Entreprisen aus dem Finanzsekter sinn direkt duerch bezuelten Niewentätegkeete vun Deputéiert an der Chamber representéiert. Weder ginn Detailer zu den Montants vun dëse Remunératioune verëffentlecht, nach eventuell Aktienpartizipatiounen vun Deputéiert. Dës iwwerflächlech Deklaratioune verheemleche méi, wéi se oppe leeën:

De fréiere Minister an aktuellen Deputéierten Carlo Wagner (DP) war 2009 nach Direkter bei der Société Européenne de Banque S.A. An sengen aktuellen Deklaratioune gëtt hien dës Entreprise nach ëmmer als "Activité professionelle" un, awer ouni Detailer ze nennen: weder d'Positioun, nach eng Dauer vun der Aktivitéit oder eng Remunératioun gëtt verëffentlecht.

Ass den Carlo Wagner, deen "niewebäi" nach Präsident vun der Bourse du Luxembourg ass, weiderhin an enger leedender Funktioun fir dës Bank täteg? De BiergerInnen gëtt dëst verheemlecht, an domat d'Méiglechkeet geholl anzeschätze wéi onofhängeg den Deputéierten a Froen, déi de Finanzsektor betreffen, debattéiert an ofstëmmt.

Wéi onofhängeg sinn ons Deputéierten? Net ëmmer ass dëst einfach anzeschätzen- d'Informatiounen zu finanziellen, materiellen oder personellen Interesse vun den Parlamentarier, déi um Chamber Site publizéiert ginn, bidden wéineg bis guer keng Transparenz bei méiglechen Interessekonflikter. Dobäi geet et vill besser - mindestens 25 Parlamenter vun 6 Kontinenter sinn méi transparent wat Niewenakommes an Interessekonflikter vun Deputéierten ugeet. Wat z.B. a Russland, Chile oder Thailand Deputéierten alles mussen deklaréiere weisen mer Muer am drëtten Artikel vun der Serie: Niewenakommes oppe leeën - elo! Lëtzebuerg blaméiert sech am internationale Verglach!

Kuckt och:

Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire